Wann d'Europaparlament eng Strof ausschwätzt, wier dem Premierminister no eppes un der Affär drun.

Psychologesche Mobbing wier kee Kavaléiersdelikt. Dat sot de Premierminister Xavier Bettel de Freide Mëtten op Nofro hin zu der Affär ëm seng Parteikolleegin, der Europadeputéierter Monica Semedo. De Xavier Bettel a seng Partei géifen de Virfall condamnéieren. Et géif een net acceptéieren, dass Mobbing op eemol als Bagatelle kéint ugesi ginn.

Et bréicht een awer Zäit, fir d'Affär mat der néideger Distanz bewäerten ze kënnen.

Ouni en Abléck an den Dossier ze hunn, wier et dem Premier no schwéier, ze jugéiere wat genee geschitt ass. Mee wann d’Europaparlament eng Strof ausschwätzt wier dem Xavier Bettel no eppes un der Affär drun.