Grond fir d'Ofso ass d'Pandemie vum Coronavirus.

D'Schëfflenger Kavalkad, déi fir den 21. Februar vun dësem Joer geplangt war, gouf ofgesot. Dat huet den Organisatiounscomité vun der Kavalkad an engem Communiqué matgedeelt.

An dësem heescht et, dass d'Pandemie vum Coronavirus de Grond fir d'Ofso ass. D'Gesondheet wier den Organisateuren no méi wichteg wéi all Form vun Amusement. Och wann een traureg doriwwer wär, dass een des Entscheedung hätt treffe missen.

soubal déi sanitär Situatioun et géif zouloossen, géif ee mat der Organisatioun vun der Kavalkad fir dat nächst Joer ufänken.