E Freideg goufen 220 Corona-Neiinfektioune bei 10.531 Tester gemellt. Et sinn 3 weider Persoune gestuerwen.

220 Neiinfektioune bei 10.531 Tester - dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Freideg matgedeelt huet.

Iwwerdeems sinn 3 weider Persounen am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer klëmmt domat op 622.

Aktuell leie 75 Persoune wéinst dem Covid-19 am Spidol, dovunner 15 op der Intensivstatioun.

En Donneschdeg waren et 233 Neiinfektioune bei 10.243 Tester.

Am Ganze krute bis ewell 28.933 Persounen zu Lëtzebuerg déi éischt oder zweet Dosis vum Vaccin géint de Covid-19.