Déi vermësste Persoun konnt erëmfonnt ginn.

Dat 16 Joer aalt Meedchen, wat zanter dësem Méindeg vermësst gouf, ass nees doheem. Déi jonk Fra ass dësen Dënschdeg Muere bei sengem Elterenhaus ukomm.

Wéi d'Police mellt, geet et der jonker Fra gutt.