D'Police sicht no Zeien nodeems eng Fra vu 34 Joer bei engem Accident ëm d'Liewe komm ass.

D'Police sicht no Zeien am Zesummenhang mat engem déidlechen Accident zu dem et en Dënschde Moien komm war. Wien Hiweiser zu dësem Accident huet ass gebieden sech beim Policekommissariat Museldall ze mellen. Dëst ënnert der Telefonsnummer 244-701000 oder der Mailadresse police.museldall@police.etat.lu.

Wat war geschitt?

Um CR101 tëscht Schëndels a Koplescht war um 06h00 en Dënschden de Moien en Auto, an deem zwou Persoune souzen, aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach, vun der Strooss ofkomm a géint eng Mauer gerannt.

D'Bäifuererin - eng 34 Joer al Fra aus dem Norde vum Land - gouf nach op der Plaz vum Noutdokter versuergt. Si ass allerdéngs un hire Blessure gestuerwen.

De Chauffer vum Auto war nom Accident net uspriechbar. Hie gouf op der Plaz vum Noutdokter behandelt an duerno an d'Spidol transportéiert. Leschten Informatiounen no, soll hien net a Liewensgefor sinn.

RTL

© Police Lëtzebuerg

D'Streck war wärend de Rettungsaarbechte fir den Trafic gespaart. De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police war op Uerder vum Parquet op der Plaz.