Zu Bartreng hat eng Persoun hir Kette vum Hals gerappt kritt. D'Täter waren nom Iwwerfall geflücht.

Wéi d'Police um Freide matgedeelt huet, konnten déi zwee Täter duerch den Zeienopruff identifizéiert ginn. Dëst nodeems d'Police Hiweiser aus der Bevëlkerung krut. D'Police seet dann och Merci fir d'Mathëllef vun de Leit.

De 26. Januar gouf eng Persoun um Terrain vun engem Akafszenter an der Areler Strooss zu Bartreng iwwerfall. Um Parking vun enger Tankstell war eng Persoun vun zwee Männer ugeschwat ginn. Am Gespréich hunn déi zwee hir eng Kette vum Hals gerappt a sinn doropshi fortgelaf