En Mëttwoch goufen 324 Corona-Neiinfektioune bei 12.516 Tester gemellt. Et sinn 3 weider Persoune gestuerwen.

324 Neiinfektioune bei 12.516 Tester - dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Mëttwoch matgedeelt huet.

Iwwerdeems sinn 3 weider Persounen am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer klëmmt domat op 632.

Aktuell leien 80 Persoune wéinst dem Covid-19 am Spidol, dovunner 16 op der Intensivstatioun.

En Dënschdeg waren et 182 Neiinfektioune bei 9.597 Tester.

Am Ganze krute bis ewell 33.370 Persounen zu Lëtzebuerg déi éischt oder zweet Dosis vum Vaccin géint de Covid-19.