An engem Comptage vun der AFP déi sech op offiziell Sourcë bezitt gouf e Bilan iwwert d'Impfsituatioun géint Covid-19 op der Welt um Samschdeg gezunn.

Méi wéi 200 Milliounen Impfdosisse géint Covid-19 sinn op der Welt bis ewell verdeelt ginn, ma hir Repartitioun ass ongläich. Esou geet ervir, datt räich Länner de gréissten Deel besëtzen an déi aarm Länner op hiren Tuer waarden.

Um Samschdeg géint 10:00 Auer goufen aktuell op d'Mannst 201.042.149 Impfdosissen op der Welt a minimum 107 Länner administréiert, esou e Comptage vun der Noriichtenagence AFP déi sech op offiziell Sourcë bezitt. De Chiffer wier allerdéngs net héich genuch well d'Zuele vu China a Russland zënter dem 9. Februar net méi kommunizéiert goufen.

Esou kënnt et, datt ronn 45% vun den Injektiounen a räiche Länner vum G7 realiséiert goufen déi knapps 10% vun der Weltbevëlkerung ausmaachen.

Déi 7 Länner (USA, Kanada, Groussbritannien, Däitschland, Frankräich, Italien a Japan) hunn sech de leschte Freide fir eng besser Repartitioun mat aarme Länner engagéiert. Dat iwwert den internationale Programm Covax dee vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) an der Allianz fir Impfungen (Gavi) lancéiert gouf.

Zu dësem Zäitpunkt sinn 9 vun 10 Dosissen (92%) a Länner mat héijem oder mëttlerem Revenue administréiert gi wärend an 29 Länner mat niddregem Revenue Guinea a Ruanda déi eenzeg sinn déi konnte mat der Impfcampagne starten. Ronn 1,84 Milliarde Mënschen, also e klenge Véierel vun der Weltbevëlkerung (23,6%) liewen a Länner déi nach net géint de Coronavirus impfe kënnen.

Weltwäit ass Israel bei Wäitem vir. Bal d'Hallschent vun der Bevëlkerung krute bis ewell hir éischt Impfdosis. Een Awunner vun 3 krut souguer seng zweet Injektioun fir d'Impfung ze completéieren.

Ënnert de Länner déi aktuell iwwer 10% vun hirer Bevëlkerung mat der éischter Dosis konnten impfe si Groussbritannien, d'USA, Chile, d'Seychellen, de Bahrain an d'Maldiven. Donieft zielen och d'Arabesch Emiraten.

An absolutten Zuelen huet d'USA d'Nues fir mat 59,6 Milliounen Dosissen. Hannendrun fält China, Groussbritannien, Indien an nach Israel.

D'Europäesch Unioun huet am Ganzen eng 26 Milliounen Impfdosisse parat. Dat entsprécht 3,8% vun der Populatioun.