Zu Heidelberg gouf d'Police vu Noperen informéiert, datt vun engem Haus géing Kaméidi ausgoen. Wéi sech erausgestallt huet, war et ee Gebuertsdag.

Zu Heidelberg hat d'Police um spéide Freidegowend eng Party mat 20 Mënschen opgeléist. Wéi d'Police um Samschdeg matgedeelt huet, haten Nopere wéinst Kaméidi d'Beamten op d'Plaz geruff.

Op der Plaz huet sech erausgestallt, datt an enger Wunneng an am Haff vum Haus den zéngte Gebuertsdag vum Bouf vum Wunnengsbesëtzer gefeiert gouf. Ënnert de Gäscht waren 8 Kanner ënner 14 Joer.

D'Ausgangsrestriktioune wieren zwar opgehuewe ginn, ma et géife weiderhi Kontaktrestriktioune fir privat Treffen am ëffentlechen an am private Raum bestoen erënnert d'Police. D'Party wier doropshin opgeléist ginn an déi deelweis alkoholiséiert Gäscht wieren Heem geschéckt ginn. E Puer Gäscht krute souguer e Protokoll well dës net no der éischter Opfuerderung vun de Poliziste wollten heemgoen.

All d'Gäscht souwéi och d'Wunnengsbesëtzer musse mat Plainte wéinst Infraktioun géint d'Coronamesurë rechnen.