Den däitsche Bundesgesondheetsminister Jens Spahn huet an engem Livestream annoncéiert, datt Educateuren an d'Léierpersonal sollen éischter geimpft ginn.

Den däitsche Bundesgesondheetsminister Jens Spahn (CDU) rechent domat, datt Erzéier a Léierpersonal aus de Grondschoulen an noer Zukunft géint de Coronavirus geimpft kënne ginn.

Well et gesellschaftlech wichteg wier, datt Crèchen a Grondschoulen de Betrib nees kënnen ophuelen, sollen Educateuren an d'Léierpersonal bei der Prioriséierung no vir gezu ginn, esou de Jens Spahn um Samschdeg an engem Livestream wou hien sech de Froe vun de Bierger gestallt huet.

De Spahn huet drop higewisen, datt fir d'éischt Mënschen aus der Grupp 1 geimpft ginn, also Bierger iwwer 80 Joer. Educateuren a Léierpersonal déi aktuell zu der drëtter Grupp gehéiere sollen deemno an déi zweet Grupp eropgestuuft ginn.