Wéi de CGDIS mellt, sinn Ekippe vun de Pompjeeë ma och Spezial-Ekippen am Asaz fir d'Uelegverschmotzung ze limitéieren.

Zënter de Samschdeg de Muere sinn de CGDIS an d'Waasserwirtschaftsamt am Asaz fir d'Verschmotzung an der Wemperbaach an den 2 Weieren zu Breedelt an der Gemeng Wäiswampech ze stoppen.

© CGDIS

D'Ekippe vum CIS an d'Spezial-Ekippe vum NRBC hunn fir d'Verschmotzung ze stoppen an de Schuedstoff z'absorbéiere Barrièren installéiert.

© CGDIS

Aktuell ass d'Verschmotzung bis op d'Héicht vun de Weiere bei der Rossmillen gebremst ginn. Bis zu 40 Pompjeeë waren am Asaz.

© CGDIS

Aktuell géifen Experten no enger Léisung kucke fir de Schmotz aus dem Waasser ze kréien. Nieft de Responsabele vun der Ëmwelt-Administratioun war och d'Police op der Plaz.