Lëtzebuerger Musekszeen ass an Trauer. Wéi et heescht, ass de Fausti am Alter vun 80 Joer gestuerwen.

Wéi RTL mellt, koum um Samschdegowend déi traureg Nouvelle, datt déi lëtzebuerger Museks-Ikon Fausti am Alter vun 80 Joer gestuerwen ass.

De Fausti war bekannt fir seng Live-Musek a fir d'Entertainë wärend der Fuesent.

De Faustino Cima war um 24. Juli 1940 zu Lëtzebuerg op d'Welt komm. Schonn als Kand war hien am Solfège an huet verschidden Instrumenter geléiert ze spillen.

Mat nëmme 15 Joer ass hie Beruffsmuseker ginn. Getourt huet hin duerch d'Schwäiz, d'Belsch, Däitschland, Holland a Lëtzebuerg.

Op Initiativ vun Eldoradio hat de Fausti am Februar 2012 de Grupp Kowadiz forméiert. An dësem Grupp waren och Museker wéi Joëlle Gelhausen vun Angel at My Table, de Ben Thommes vun Inborn, de Pit Romersa vun Eternal Tango souwéi och de René Macri an de Jeff Poggi vun De Läb.

Hiert gemeinsaamt d'Lidd "Wou gees de?" hat et bis op d'Nummer 1 an den iTunes Charts Lëtzebuerg gepackt.

Kuckt hei de Video vum Lidd Kowadiz: