Zu Ierpeldeng ass een Auto an ee Bam gerannt. Dobäi goufen zwou Persoune blesséiert.

Wéi de CGDIS an d'Police melle koum et um Samschden Owend géint 18:00 zu engem Accident zu Ierpeldeng un der Sauer Direktioun Méchela. Hei krut een Auto ee Bam ze packen, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen. Déi schwéierblesséiert Automobilistin ass nach op der Plaz medezinesch versuergt ginn. De Bäifuerer ass mat liichte Blessuren an d'Klinik komm. D'Stéck déi wärend dem Asaz komplett gespaart war, ass géint 20:50 fir den Trafic nees op gemaach ginn. Op der Plaz waren de RTW vun Dikrech an Ettelbréck, sou wéi de Samu an d'Pompjeeë vun Angelduerf.

Des Weidere mellt de CGDIS ee Gasgrill a Brand zu Bartreng um Samschde géint 17:30. Hei ass eng Persoun blesséiert ginn an op der Plaz waren de RTW aus der Stad Lëtzebuerg, sou wéi d'Pompjeeë vu Bäreldeng-Stroossen a vu Lëtzebuerg-Stad.