D'Unhänger vun der rietsextremer identitärer Beweegung protestéiere géint ee geplangt Verbuet vun der Organisatioun "Génération identitaire".

Déi franséisch Rietspopulistin Le Pen schwätzt vis-à-vis vun dem geplangte Verbuet vun der Identitärer Beweegung vun engem Ugrëff op d'Grondrechter. Doropshi si Rietsextremer an Unhänger vun der Beweegung zu Paräis op d'Strooss gaangen. Begleet vun enger grousser Unzuel u Polizisten, hunn sech ronn 1500 Mënschen op der Plaz vum Paräisser Stadsvéierel Montparnasse versammelt. D'Identitär Beweegung a Frankräich gëllt als eng vun deenen eelsten aus Europa a steet de Rietspopulisten, déi Marine Le Pen ënnerstëtzen, no.

Mëtt Februar huet de franséischen Inneminister Gérald Darmanin eng Prozedur ageleet fir dëse Grupp opzeléisen. D'Gruppéierung huet 10 Deeg Zäit fir drop ze reagéieren, um kommende Mëttwoch leeft déi Frist of.

Ausléiser fir dëst Verbuet war eng Aktioun vun den Identitären ënnert dem Motto "Defend Europe". Hei hunn ronn 30 Unhänger vun der Organisatioun probéiert Flüchtlingen am Grenzgebitt zu Spuenien opzehalen. Déi franséisch Justiz ermëttelt wéinst Opruff zum Rassenhaass.