De fréiere republikaneschen US-President Donald Trump huet säin éischten ëffentlechen Optrëtt zënter sengem Récktrëtt aus dem Wäissen Haus.

Den Trump wäert nächste Sonnde bei der Joreskonferenz vum Grupp "America Conservative Union" eng Ried halen, sou ee Spriecher. Dëst Evenement fënnt zu Orlando am Bundesstaat Florida statt. Dësen Optrëtt soll Indice ginn, wéi sech den Trump seng zukünftegt Relatioun zu der Republikanescher Partei virstellt. Ausserdeem rechent een domadder, dass den Trump sech kritesch vis-à-vis vu sengem Nofollger Biden äussert. An den USA ass et u sech Traditioun, dass de fréiere Staatschef sech net méi zur Dagespolitik äussert, nodeems deen aus dem Amt getrueden ass.