An Holland sinn zwou Persoune vu Fligerstécker blesséiert ginn, dat nodeems déi vum Himmel gefall sinn.

Wéi Police vu Maastricht matdeelt, ass nom Start zu Maastricht an engem vun deene véier Motore vun engem Boeing-Fliger, dee Wueren transportéiert huet, ee Brand entstanen. Iwwer Meerssen am Norde vu Maastricht sinn dunn eng Rei Metallstécker erof gefall. Autoen an Haiser goufen dobäi beschiedegt. Eng eeler Fra ass um Kapp getraff ginn an huet missen an der Klinik behandelt ginn. Och ee Kand ass liicht blesséiert ginn an huet sech Brandwonnen zou gezu wou et ee vun de Stécker vum Buedem oprafe wollt.

D'Ermëttlungen, fir d'Ursaach vum Brand ze fannen, lafen. De Fliger ass méi spéit zu Léck an der Belsche gelant. Dat eigentlecht Ziel war New York.