An den USA ass et Wëssenschaftler fir déi éischte Kéier gelongen, een Déier dat vum Ausstierwe bedrot ass, ze klonen.

Den US Fish and Wildlife Service deelt mat, dass de Wëssenschaftler ee grousse Fortschrëtt an der Klonen-Fuerschung gelongen ass. Dat leescht Frettchen aus der Famille vun de Schwaarzfoussfrettecher ass viru méi wéi 30 Joer verstuerwen. Fir d'Reproduktioun hunn d'Fuerscher déi bis elo agefrueren Zelle vum Liewewiese benotzt. De Klon ass also eng genetesch Kopie vum 1988 verstuerwenem "Willa", sou war deem Frettchen säin Numm vun deem se Zelle benotzt hunn.

De Klon heescht Elizabeth Ann an ass schonn den 10. Dezember 2020 op d'Welt komm. Dat an der Zuchstatioun zu Fort Collins am Norde vu Colorado.

D'Wëssenschaftler erhoffen sech vill duerch dës Technik. Sou wär et méiglech bedroten Aarte virum Ausstierwen ze retten.