An den Theater goen, Reesen ouni Quarantän, Iwwernuechtungen an Hoteller: An Israel soll dat an Zukunft fir Persounen déi geimpft sinn nees méiglech sinn.

Israel suergt fir Erliichterung bei senge Bierger déi geimpft sinn a bei deenen déi no enger Erkrankung nees gesond sinn. Dat mat engem sougenannten "Grénge Pass". Mat dësem Pass dierfen déi betraffe Persounen ënnerenaner an Hoteller, Fitnessstudioen, Theateren oder un Sportsevenementer deel huelen. D'Gesondheetsministesch Julie Edelstein huet op Twitter geschriwwen, dass en gläich méi wéi 3,2 Millioune Persoune vun esou Virdeeler kenne profitéieren. D'Haaptzil ass et d'Ekonomie vum Land nees un d'Rullen ze kréien. Deen grénge Pass mécht Land lues a lues nees op, sou de Regierungschef Benjamin Netanyahu.

Jiddereen deen no enger Infektioun als gesond gëllt an all déi déi schonn eng zweet Impfung kruten, kennen sech sou ee Pass online bestellen. Dëse Pass gëtt et net nëmmen als ausgedréckte Format mee et kann een deen och iwwert eng App um Smartphone virweisen. De Pass gëtt dann op ëffentleche Plaze wéi Piscinnen oder Kierchen gescannt.

Dëse Pass entbënnt een och vun der Quarantänflicht bei an no Reesen. Mat Griicheland an Zypern huet Israel schonn een entspriechend Reesofkommes beschwat. De Moment ass dat awer just Theorie, well Israel seng Grenzen a Flughafen nach bis de 6. Mäerz zou huet.

Mat dësem Pass solle virun allem jonk Persoune motivéiert ginn sech impfen ze loossen. D'Impfcampagne an Israel ass am Géigesaz zu anere Länner zimmlech fortschrëttlech. Mëttlerweil kann sech all Bierger am Alter vu 16 Joer un impfe loossen. Parallel zur Aféierung vum Pass kennt et dann awer och nees zu Oplockerunge vum Lockdown.