Wéi d'Police matdeelt, koum et um Samschden Owend zu engem Virfall an engem Schnellrestaurant zu Bäreldeng an zu enger Ausernanersetzung zu Bouneweg.

Hei huet eng alkoholiséiert Persoun randaléiert well se net méi an d'Gebai era gelooss gouf an huet ugefaange Léit am Drive-In ze belästegen. Dës Persoun ass schonn eng Kéier am Virfeld aus dem Restaurant verwise ginn, dat wéinst netubruechtem Behuelen. Wéi Police op d'Plaz koum, hat déi gemellte Persoun de Site vum Restaurant scho verlooss. D'Police huet déi tierkele Persoun awer kuerz drop op der Haaptstrooss ugetraff, wou dës bal an d'Fuerbunn gefall ass.

Nodeems festgestallt gouf, dass d'Persoun op Grond vun hirem alkoholiséierten Zoustand eng Gefor fir sech an anerer duerstellt a mat de Polizisten net kooperéiert huet, ass d'Persoun festgeholl ginn a mat an d'Ausniichterungszell geholl ginn.

Des Weidere mellt Police eng kierperlech Ausernanersetzung tëschent engem Taxi-Chauffer an engem Automobilist. Dat Ganzt ass um Samschden Owend géint 20:00 zu Bouneweg geschitt. Hei stoung een Taxi laanscht Fuerbunn wou een Autoschauffer bei dëse koum, géint Fënster geschloen huet a frech ginn ass, dat well de Chauffer vum Taxi de Verkéier géif behënneren. Doropshi koum et zu enger kierperlecher Ausernanersetzung tëschent deenen zwee Männer. Nodeems den Taxichauffer e puer Schléi an d'Gesiicht krut, huet den anere Chauffer sech mat sengem Auto duerch d'Bascht gemaach. De Chauffer vum Taxi huet sech fir eng medezinesch Ënnersichung an d'Klinik beginn. D'Ermëttlunge sinn ageleet ginn an eng Plainte gouf gestallt.