Zu Melbourne an Australien huet den Novak Djokovic d’Australian Open géint den Daniil Medvedev gewonnen.

De serbeschen Tennisspiller Novak Djokovic huet d’Finall vun den Australian Open e Sonndeg de Moien eiser Zäit fir sech entscheet. Dat däitlech mat 7:5, 6:2 a 6:2 géint de russesche Spiller Daniil Medvedev. Fir den Novak Djokovic ass dat déi 9. Victoire bei dësem Turnéier an den 18. Grand-Slam-Titel.