A Groussbritannien geet een dovun aus dass d’Leit méi séier hir éischt Impfdosis kréie wéi am Ufank geduecht.

A Groussbritannien soll all erwuesse Persoun bis Enn Juli d’Méiglechkeet hunn déi éischt Impfdosis géint de Coronavirus ze kréien. Persounen iwwer 50 Joer solle scho bis Mëtt Abrëll eng Invitatioun fir déi éischt Impfdosis kréien. Dat huet déi brittesch Regierung e Sonndeg matgedeelt. Den Zäitplang géif der Regierung no acceleréiert ginn.

Déi éischt Etapp vun der Impfcampagne gouf Mëtt Februar erreecht wéi 15 Millioune Mënschen hier éischt Dosis vum Vaccin kruten. Dat ware virun allem Persounen iwwer 70 Joer an d’Fleegepersonal. Bis e Samschdeg goufen nach eng zousätzlech 2,2 Millioune Mënsche geimpft. Domat hätt een Drëttel vun der Populatioun a Groussbritannien déi éischt Impfdosis kritt.

E Méindeg wëll de Premierminister Boris Johnson am Parlament eng éischt Oplockerung vun de Corona-Moossname virstellen. D’Prioritéit wier d’Schoulen nees etappeweis vum 8. Mäerz un opzemaachen.