An Däitschland gouf eng Fleegerin an engem Zoo schwéier vun engem Léiw blesséiert.

An engem Zoo an der däitscher Stad Osnabrück gouf eng Fleegerin vun engem Léif ugegraff. Déi 25-järeg Fra gouf schwéier blesséiert an an d’Spidol bruecht. Dat huet e Spriecher vun der däitscher Police confirméiert.

D’Police huet weider erkläert dass et vill méi schlëmm hätt kënne sinn. Et gëtt deemno net ermëttelt well et sech ëm en Aarbechtsaccident handelt. Wéinst dem Lockdown ass den Zoo de Moment fir de Public zou.