E Samschdeg goufen nees Urteeler géint de Kreml-Kritiker Alexej Nawalny gesprach. D’EU menacéiert e Sonndeg op en neits mat Sanktiounen.

Den EU-Baussenbeoptraagte Josep Borrell huet Russland op en neits am Kader vum Urteel vum Kreml-Kritiker Nawalny mat Sanktioune menacéiert. Déi russesch Geriichter hätten d’Decisioun vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter ignoréiert. E Samschdeg goufen et zousätzlech Urteeler géint de Kreml-Kritiker a Russland. Den Alexej Nawalny krut nämlech eng Geldstrof vun 10.000 Euro well hien e Krichsveteran beleidegt hätt. Donieft gouf hien zu 2,5 Joer Prisong verurteelt.

E Méindeg wäert also de Josep Borrell mat den EU-Ausseminister iwwer Moossnamen a Sanktioune beroden. Dat huet hien op Twitter annoncéiert.