Déi héich Coronazuelen am Departement Alpes-Maritimes a Frankräich léisen Diskussiounen iwwer nei Mesuren aus.

De Buergermeeschter vu Nice, Christian Estrosi huet e Sonndeg e Lockdown, deen nëmme weekends gëlle géif, gefuerdert. Wann d’Zuelen sech verschlëmmere wier et esouguer ubruecht e strenge Lockdown am ganzen Departement unzekënnegen, esou de Christian Estrosi.

Donieft huet de Buergermeeschter vu Nice ënnerstrach dass de Moment vill ze vill Touristen ënnerwee wieren. Hien huet d’Leit dozou opgeruff net op Nice ze fléien. Am deem Kader huet de franséische Gesondheetsminister Olivier Véran erkläert dass dëse Weekend decidéiert gëtt ob zousätzlech lokal Moossname fir d‘Géigend vu Nice decidéiert ginn.