E Sonndeg de Mëtteg koum et zu enger Kollisioun tëscht 3 Autoen op der RN11.

Géint 14h00 sinn e Sonndeg tëscht dem Waldhaff a Gonnereng 3 Autoen anenee gerannt. 8 Persoune goufe blesséiert. 4 dovunner goufe liicht blesséiert a 4 Persoune goufe behandelt a kontrolléiert. Dat huet de CGDIS e Sonndeg am Nomëtteg gemellt.