Fir de Coronavirus ënner Kontroll ze behalen, solle Schoulpersonal a Schüler méi getest ginn, esou d'Ministere Lenert a Meisch.

Um Méindeg maachen d’Schoulen nees hier Dieren op an et besteet nees Presenz-Unterrecht a méi streng sanitär Mesuren. Fir de Coronavirus ënner Kontroll ze behalen, solle Schoulpersonal a Schüler méi getest ginn. Dat äntweren d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den Educatiounsminister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement. Dat geschitt an zwou Phasen.

An enger éischter Phas kritt d’Schoul-Personal eng Invitatioun fir de Large Scale Testing. An där Phas ginn awer och Schüler iwwert eegen Test-Ekippe vum Educatiounsministère op deene Plaze getest, wou festgestallt gëtt, dass de Virus an der Schoul méi present ass. An enger zweeter Phas kommen dann d’Schnell-Tester an den Asaz. Wéini dat wäert sinn, ass nach onkloer. Dës ginn de Moment nach op hir Zouverlässegkeet iwwerpréift.