Beim Parking Markusbierg goufe vereenzelt Automobiliste kontrolléiert. D’Zil war et ënner anerem méiglech Schleiser opzespieren.

Déi däitsch Police huet e Sonndeg op der däitsch-lëtzebuergescher Grenz bei Tréier Kontrolle gemaach.

Beim Parking Markusbierg goufe vereenzelt Automobiliste kontrolléiert. D’Zil war et méiglech Schleiser opzespieren, an de Schmuggel vun Drogen oder Waffen ze verhënneren, esou den SWR.

Am Kader vun de Kontrolle gouf och iwwerpreift, ob d’Corona-Schutzmesuren agehale ginn. Trotzdeem wier dat keng Grenzkontroll, mee eng regulär Grenz-Iwwerwaachung, esou d’Police. Um Méindeg sollen d’Kontrolle virugoen.