De Medien no krut Italien iwwer 10 Prozent manner Dosissen wéi erwaart. Dat wier dem President vun der Lombardei no inakzeptabel.

Déi brittesch-schwedesch Pharma-Entreprise AstraZeneca huet manner Impf-Dossisen wéi virgesinn an Italien geliwwert. De Medien no krut Italien iwwer 10 Prozent manner Dosissen wéi erwaart. D’Situatioun wier inakzeptabel , esou de President vun der Lombardei. AstraZeneca huet matgedeelt, d’Produktioun vum Impfstoff wier komplex, dat kéint d’Liwwer-Quantitéit an d’Zäit vum Liwwere beaflossen.