De 36 Joer ale Mann gouf fir d'lescht e Sonndeg an der Eecher Klinik gesinn. Um spéide Méindegmoie koum d'Meldung, dass de Mann elo dout opfonnt ginn ass.

D'Police deelt um spéide Méindegmuere mat, dass de Mann vu 36 Joer, deen zënter e Sonndeg de Mëtte vermësst gouf, e Méindeg de Moien dout zu Eech fonnt ginn ass.

De Mann war e Sonndeg fir d'lescht an enger Klinik zu Eech gesi ginn, iert e verschwonne war.