E Samschden hat de Moto vun enger Boeing 777 Feier gefaangen an et waren Deeler vun Dësem op e Wunngebitt gefall.

Den amerikanesche Fligerkonstrukteur Boeing huet seng Clienten dozou opgeruff déi 128 Fligere vum Typ 777 bis op Weideres um Buedem ze loossen. Dëst nodeems e Samschden e Moto vun esou engem Fliger Feier gefaangen hat an Deeler vun Dësem op e Wunngebitt an der amerikanescher Groussstad Denver gefall waren.

De Fliger vun der amerikanescher Fluchgesellschaft "United Airlines" huet kuerz no dësem Tëschefall missen noutlanden. Blesséierter goufen et allerdéngs keng.

Wéi Boeing selwer matgedeelt huet, huet et sech bei der Maschinn ëm e Fliger vum Typ 777 gehandelt. Dës si mam Moto vum Modell 4000-112 vum Producteur "Pratt & Whitney" ausgerëscht.

"United Airlines", déi südkoreanesch Airline "Asiana" an déi japanesch Airlinnen "Japan Airlines" an "Nippon Airways" hu schonn ugekënnegt, dass si hir Maschinne vun dësem Typ bis op Weideres um Buedem wäerte stoe loossen.

De japanesche Verkéiersministère huet eng streng Iwwerpréiwung vun de Fligere vum Typ 777 ugekënnegt. De Chef vun der amerikanescher Fluch-Opsiicht huet iwwerdeems matgedeelt, dass d'Maschinne vun dësem Typ warscheinlech aus dem Verkéier gezu wäerte ginn.