Zënter dem August zejoert läit de Chômagetaux hei am Land stabil ëm 6,4 Prozent.

De Chômagetaux zu Lëtzebuerg bleift weiderhi stabel. Ewéi d'ADEM e Méinden an engem Communiqué matdeelt, louch den Taux vum Chômage zu Lëtzebuerg Enn Januar bei 6,4 Prozent a war domadder genee esou héich ewéi am Dezember zejoert.

Nodeems den Taux vum Chômage am Mäerz an am Abrëll zejoert staark geklomme war, hat en sech am August nees stabiliséiert. Zanterdeem läit den Taux vun de Mënschen ouni eng Aarbechtsplaz stabil bei ëm 6,4 Prozent.