Um 01h15 e Sonnde Moie war de Beamte vun der Police en Auto an der Stad opgefall.

Iwwert de Weekend hat d'Police direkt e puer Chauffere wéinst Alkohol um Steier verwarnt:

Géint 15h00 e Samschde Mëtte war eng Automobilistin op der N7 zu Walfer wéinst hirem Fuerstil opgefall a gouf doropshi vun der Police kontrolléiert. Well den Alkoholtest test positiv war, hunn d'Beamten de Führerschäi vun der Fra agezunn.

Géint 18h25 war et an der Route d'Esch zu Hollerech zu engem Accident tëscht 2 Autoe komm. Well der Police gemellt gouf, dass ee vun de bedeelegte Chaufferen alkoholiséiert war, koum eng Patrull op d'Plaz an et gouf en Alkoholtest gemaach. Dëse war dann och positiv. Well et net fir d'Éischt war, dass de Chauffer sech mat ze vill Alkohol am Blutt hannert d'Steier gesat hat, gouf säin Auto op Uerder vum Parquet kontrolléiert an den Tëschefall gouf protokolléiert.

Géint 01h15 e Sonnde Moien, war de Beamte vun der Police en Auto, an deem 2 Persoune souzen, um Boulevard d'Avranches an der Stad opgefall. Dëse gouf doropshi kontrolléiert. De Chauffer krut e Protokoll well hien ze vill gedronk hat. Alleguerten d'Persounen, déi am Auto souzen, kruten iwwerdeems e Protokoll, well si géint de Couvre-feu verstouss haten.