Den Ament sollen et eng Partie Mängel um informatesche System vum Stadion ginn.

Mam aktuelle Stand vun den Aarbechten um neien nationale Fussballstadion "Stade de Luxembourg", wier et net méiglech en obligatoreschen Test-Match ënner reelle Bedingungen am Stadion ze spillen. Dat deelt d'Stad Lëtzebuerg e Méinden an engem Communiqué mat. Deementspriechend kéint dann och de Qualifikatiounsmatch fir d'Fussballweltmeeschterschaft tëscht Lëtzebuerg a Portugal den 30. Mäerz net am neie Stadion stattfannen.

Wéi et weider am Communiqué heescht, ginn et den Ament nach eng Partie Mängel um informatesche System vum "Stade de Luxembourg". Esou ginn et den Ament nach Problemer bei der Videoiwwerwaachung, de Kontrolle vun den Entréeën, dem Internetaccès fir d'Presse, der Iwwerdroung vun de Biller fir de Fernsee an dem Feieralarm.

Wéi et am Communiqué heescht, hätt déi sanitär Kris dozou gefouert, dass et bei den Aarbechten zu Verspéidunge komm wier. Ëm Ouschtere wéilt een d'Situatioun nach eng Kéier evaluéieren.