D'Police huet de Méinden de Führerschäi vun engem Automobilist, deen däitlech ze séier ënnerwee war, agezunn.

Tëscht 07h00 an 08h00 de Méinde Moien hate Beamte vun der Police eng Vitesskontroll um CR101 tëscht Schëndels a Koplescht duerchgefouert. Dobäi war hinnen en Automobilist opgefall, dee säin Auto bei engem Iwwerhuelmanöver op 166 km/h beschleunegt hat. Dëst obwuel der maximal 90 erlaabt waren. Den Automobilist gouf no enger kuerzer Verfolgungsjuegd ageholl. Hien huet säi Permis missten ofginn an d'Beamten hunn eng Plainte géint hien deposéiert. Viru 6 Deeg war et um CR101 zu engem déidlechen Accident komm. Eng 34 Joer al Fra war hei un hire Blessure gestuerwen.