Medien no soll en Dënschdeg een deelweisen Deconfinement annoncéiert ginn. De Gastronomie-Secteur soll awer weiderhin zoubleiwen.

De gréissten hollännesche Gastronomie-Verband huet annoncéiert d’Regierung wéinst de Corona-Mesuren ze verkloen.

D’Regierung wëll de Medien no um Dënschdeg wuel méi labber Mesuren ukënnegen, allerdéngs net fir de Gastronomie-Secteur. Et gëtt sech erwaart, dass eng Partie Mesurë fir Coifferen a Schoulen opgehuewe ginn. Restauranten a Cafée sollen awer weiderhin zoubleiwen. Och d’Ausgangsspär soll bleiwen.  D’Gastronomie-Betriber sinn an Holland zënter Mëtt Oktober zou.