Eng Fra vun 18 Joer gouf bei engem Sträit tëscht engem Aggresseur an hirem Begleeder mat engem Messer blesséiert.

Wéi d'Police matdeelt, gouf eng 18 Joer al Fra bei engem Sträit mat engem Messer blesséiert. Um 16h50 e Méinden Owend gouf eng 18 Joer al Fra virun der Europaschoul um Boulevard Konrad Adenauer um Kierchbierg vun engem Bekannten ugepöbelt. Den 20 Joer ale Begleeder vun der Fra, wollt den Aggresseur ofschrecken an huet dofir och e Messer gezunn. Doropshi koum et zu engem Sträit tëscht béide Männer. Am Kader vun dësem Sträit huet déi jonk Fra eng Stéchwonn dovu gedroen. Si gouf op der Plaz versuergt a gouf duerno an d'Spidol ageliwwert. Si schwieft allerdéngs net a Liewensgefor.

Déi zwee jonk Männer goufen nom Sträit vun der Police op der Plaz ugetraff. De Parquet gouf informéiert an eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.