Géigeniwwer 2019 ass d'Zuel vun de Protokoller, déi et zejoert wéinst dem Benotze vun engem elektronesche Gerät um Steier gouf, däitlech zeréckgaangen.

Zejoert goufen 2.955 Chauffere sanktionéiert, well si hiren Handy oder en anert elektronescht Gerät iwwert dem Fuere benotzt haten. Dat äntweren de Mobilitéitsminister François Bausch an de Minister fir déi bannenzegst Sécherheet, Henri Kox, op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun der DP Max Hahn. Am Joer 2019 goufen nach 3476 dëser Infraktioune festgestallt. D'Ministere féieren de Réckgang vun den Infraktiounen op de Coronavirus an de mat dësem verbonnenen Ausnamezoustand, ewéi och op de Couvre-feu, zeréck.

Weiderhin hu béid Ministeren an hirer Äntwert matgedeelt, dass den Ament net geplangt wär d'Benotze vum Handy um Steier mat spezielle Radaren ze kontrolléieren. Wéi et heescht, géif et den Ament keng legal Basis dofir ginn esou Radaren hei zu Lëtzebuerg anzesetzen. Och den Asaz vun Drone fir d'Benotzung vum Handy um Steier ze kontrolléieren ass den Ament net geplangt.