An hirem wëchentleche Bilan huet d'Police d'Resultat vun de Kontrolle ronderëm d'Anhale vun de Corona-Mesurë matgedeelt.

Am Laf vun der leschter Woch huet d'Police ronn 700 mol kontrolléiert op sech un déi aktuell Mesure géint d'Verbreedung vum Coronavirus gehale gëtt. A ronn 300 Fäll gouf kontrolléiert op d'Leit sech un de Couvre-feu hale géifen. Awer och d'Anhale vun de sanitäre Mesuren an de Geschäfter a bei gréissere Versammlunge gouf kontrolléiert.

Ronn 300 Persoune kruten dann och e Protokoll, well si sech net un d'Coronamesure gehalen haten. A ronn 80 Prozent vun de Fäll haten si de Couvre-feu ignoréiert. Iwwerdeems huet d'Police a 34 Fäll e Rapport un déi zoustänneg Autoritéiten iwwermëttelt. Dëst zu Beispill well Mannerjäreger sech net un d'Mesure gehalen haten oder dës bei private Feieren, respektiv a Geschäfter net agehale goufen.