An dëser Petitioun gëtt gefuerdert, dass den Ofschloss vum BTS am Salairessystem vum Staat unerkannt gëtt.

Déi ëffentlech Petitioun mat der Nummer 1765 huet en Dënschdeg déi néideg 4500 Stëmmen, fir am Kader vun engem ëffentlechen Debat an der Chamber beschwat ze ginn, erreecht.

An der Petitioun gëtt gefuerdert, dass den Ofschloss vum BTS am Salairessystem vum Staat unerkannt gëtt. Deementspriechend gëtt an der Petitioun d'Aféierung vun enger neier Karriär beim Staat gefuerdert. Dës nei Karriär wär dann tëscht der B1-Karriär vun de Persoune mat engem Diplôme de fins d'études secondaires an der A2-Karriär vun de Leit, déi e Bachelordiplom hunn, ugesidelt.