Wéi et vun den US-Autoritéiten heescht, huet sech de 45-Järege mat sengem Auto iwwerschloen a gouf méi schwéier un de Been blesséiert.

Den amerikanesche Golf-Star Tiger Woods ass bei engem Autosaccident an der Géigend vu Los Angeles schwéier blesséiert ginn. Sengem Manager no gouf hien un de Been blesséiert an huet missen noutoperéiert ginn. Et géif awer keng Liewensgefor bestoen. Der Police no hätt sech den Auto vum Woods aus nach ongekläerter Ursaach iwwerschloen. D’Rettungsekippen hunn de Sportler missen aus dem Auto erausschneiden.