Den Europäeschen Zenter fir Infektiounskrankheeten géif de Moment eng Analys iwwert den Notze vun dëse Maske maachen, heescht et vun der Santé.

Et ass nach ëmmer net virgesinn eng FFP2-Maskeflicht zu Lëtzebuerg anzeféieren. Dat äntwert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten Jeff Engelen. D’Gesondheets-Direktioun géif awer déi aktuell international Diskussioun iwwert dës Maskë suivéieren. Den Europäeschen Zenter fir Infektiounskrankheeten géif de Moment eng Analys iwwert den Notze vun dëse Maske maachen.