Kuerz viru Bus waren e Mëttwoch de Moien en Auto an e Moto matenee kollidéiert.

Um fréie Mëttwoch Moie gouf e Motocyclist bei engem Verkéiersaccident schwéier blesséiert. Géint 06h20 waren op der N28 tëscht Bus an Éiter en Auto an e Moto matenee kollidéiert. Den Automobilist, deen aus Direktioun Aassel koum, wollt kuerz viru Bus op d'N28 ofbéien. Dobäi war hie mat engem Motocyclist, deen an Direktioun Bus ënnerwee war, kollidéiert. Béid Persoune goufe beim Accident blesséiert. Si goufen op der Plaz versuergt an duerno an d'Spidol transportéiert. De Motosfuerer gouf beim Accident schwéier blesséiert an huet dowéinst missen am Spidol bleiwen. D'Police huet e Bericht vum Accident ugefäerdegt.