Dëst ass déi gréisste Quantitéit Kokain, déi jeemools an Europa entdeckt gouf.

Am Hafe vun Hamburg huet den däitschen Zoll déi gréisste Quantitéit Kokain, déi jeemools an Europa entdeckt gouf, séchergestallt. A 5 Container aus Paraguay goufen insgesamt 16 Tonne Kokain fonnt. Dat huet den däitschen Zoll e Mëttwoch matgedeelt. De Kokain gouf schonn den 12. Februar confisquéiert. Ma am Kader vun der Enquête déi doropshi lancéiert gouf, goufen den 21. Februar an der Belsch nach eng Kéier 7 Tonne Kokain confisquéiert.