D'Persounen déi de Vaccin krute sollen och eng méi geréng Warscheinlechkeet hunn da Vaccin weiderzeverbreeden.

De Corona-Vaccin vun Johson & Johnson soll géint e schwéiere Verlaf vum Covid-19 schützen. Dat geet aus enger Etüd vun der amerikanescher Agence fir d'Sécherheet vu Liewensmëttel a Medikamenter, FDA, ervir. Dëser Etüd no solle Persounen déi de Vaccin kruten och eng méi geréng Warscheinlechkeet hunn de Coronavirus weiderzeverbreeden. D'Lescht Woch hat Johnson & Johnson jo eng Demande fir eng Zouloossung vu sengem Impfstoff an der EU bei der Europäescher Medikamentenagence agereecht.