Wéinst der Verhaftung vum Rapper Hasél koum et a Spuenien nees zu Protester. D'Police huet misse brutal géint Demonstrante virgoen.

Op een neits sinn zu Barcelona Mënschen op d'Strooss gaange fir géint d'Verhaftung vum Rapper Pablo Hasél ze protestéieren. Um Samschdegowend koum et zu brutalen Ausernanersetzungen tëschent den Demonstranten an der Police, dat obwuel d'Protester déi Owender virdru roueg verlaf sinn. Déi spuenesch Police deelt mat 13 Persoune verhaft ze hunn.

Bei der ursprénglech roueger Demonstratioun hunn ronn 4000 Persounen deel geholl. Wärend dem Protest hunn eng Rei vermummte Persounen ugefaangen ze randaléieren, dobäi goufen ee Policeauto, Poubellen an d'Entrée vum engem Hotel a Féier gesat. Des Weidere goufe Banken a Geschäfter demoléiert.

De Rapper Hasél gouf de 16. Februar verhaft, dat nodeems hien eng Prisongsstrof vu néng Méint net wollt untrieden. Dës Strof hätt hie missen untrieden, well hien déi spuenesch Monarchie beleidegt huet. De ganze Fall huet eng Kontrovers iwwert Meenungsfräiheet a Spuenien ausgeléist.