E Freideg goufen 186 Corona-Neiinfektioune bei 9.538 Tester gemellt. Et si 5 weider Persoune gestuerwen.  

186 Neiinfektioune bei 9.538 Tester - dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Freideg matgedeelt huet.

Iwwerdeems si 5 weider Persounen am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer läit domat bei 652.

Aktuell leien 106 Persoune wéinst dem Covid-19 am Spidol, dovunner 22 op der Intensivstatioun.

En Donneschdeg waren et 206 Neiinfektioune bei 10.119 Tester.

Bis ewell krute 44.171 Persounen zu Lëtzebuerg déi éischt oder zweet Dosis vum Vaccin géint de Covid-19.