Wéi de CGDIS matdeelt koum et um Sonnden zu Stengefort zu engem Accident tëschent engem Motocyclist an engem Auto.

Zu Stengefort koum et de Sonnde géint 14:13 Auer zu engem Accident tëschent engem Motorrad an engem Auto. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert, sou de CGDIS. Op der Plaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Stengefort.

Des Weidere mellt de CGDIS een Accident géint 16:08 Auer tëschent Kruuchten a Schrondweiler. Hei krut een Auto ee Bam ze packen an dobäi gouf eng Persoun blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanz aus der Stad, de SAMU an d'Pompjeeë vun Noumer a Biissen.