A Groussbritannien hunn scho méi wéi 20 Millioune Mënschen déi éischt Dosis vun engem Corona-Impfstoff krut, sou déi brittesch Regierung.

D'Unzuel u Persounen déi a Groussbritannien déi éischt Impfung géint de Coronavirus kruten, entsprécht engem Undeel vu ronn 30 Prozent vun der ganzer Bevëlkerung. A Groussbritannien ginn déi zwou Dosisse vun de Firmen AstraZeneca a Biontech-Pfizer benotzt. Den Ofstand tëscht deenen zwou Impfunge ka bei bis zu 12 Woche leien. D'Zil a Groussbritannien ass et sou séier wéi méiglech déi éischt Dosis u sou vill wéi méiglech Persounen ze verdeelen. Doduercher läit d'Unzuel vu Persounen, déi déi zweet Impfung kruten ënnert enger Millioun.