Den Trump huet seng éischt ëffentlech Ried no der Presidentewal gehalen. D'Wal vu sengem Nofolger Biden wëll den Trump nach ëmmer net unerkennen.

De fréieren US-President Trump huet eng Kandidatur bei der Presidentewal 2024 ugedeit. A senger éischter Ried nom Ausscheeden aus dem Amt huet hien op en Neits déi onbeluechte Behaaptung widderholl, dass him bei der Presidentewal am November 2020, d’Victoire geklaut gouf.

Ausserdeem huet hien dem Biden seng Politik schaarf kritiséiert. Et wier de katastrophaalsten éischte Mount, deen et jee bei engem amerikanesche President gouf.

Duerno sot hien, dass hien sech méiglecherweis dozou entscheet d’Demokraten eng drëtte Kéier ze schloen. Eng nei Partei wéilt hien awer net grënnen.