Pro Persoun sti bis zu 5 Tester pro Mount an den Apdikten zur Verfügung.

An Éisträich gi vun e Méindeg u gratis Corona-Schnelltester verdeelt. Pro Persoun sti bis zu 5 Tester pro Mount an den Apdikten zur Verfügung. D’Offer ass fir all déi iwwer 15 Joer déi gesetzlech verséchert sinn. D’Tester sinn einfach unzewenden a sollen der eegener Kontroll déngen. Als Zoutrëttstest fir z.B. bei de Coiffer ze goen, sinn se net geduecht.